Green DayDen 12. Juni live @ Rockhal

Am Kader vun hirer "Revolution Radio Tour" komme Green Day eng éischte Kéier live op Lëtzebuerg!

Leschten Update: 07.02.2017, 07:25:01

Ufank vun den 90er Joren hu Green Day de Punk-Revival lancéiert. Den internationalen Duerchbroch hate si 1994 mat hirem 3. Studioalbum "Dookie" . Eleng an den USA huet deen Album sech méi wéi 10 Milliounen Mol verkaf. Och Placken wéi "American Idiot" an "21st Century Breakdown" hunn et weltwäit ganz vir an d'Charts gepackt.

Mat hirem aktuellen Album "Revolution Radio" ginn Green Day dëst Joer op grouss Welttournee, duerch Nordamerika, Europa, Australien an Neiséiland.

Am Kader vun där "Revolution Radio Tour" komme Green Day och eng alleréischte Kéier live op Lëtzebuerg- an dat fir e Concert den 12. Juni live an d'Rockhal.

Mat dobäi hunn si souwuel d'Lidder vum neien Album "Revolution Radio wéi och hir grouss Klassiker.

Verpasst net déi eenzegaarteg Chance, dës Kultband eng Kéier live zu Lëtzebuerg ze gesinn!

De Virverkaf fänkt dëse Freideg um 10h un, um Internetsitte vum Atelier: LINK: http://www.atelier.lu/