Musek NewsDen Atelier organiséiert een éischte Concert an der Luxexpo

Den Atelier annoncéiert ee Concert vun Alter Bridge an der Luxexpo!

Leschten Update: 15.06.2017, 12:49:19

Alter Bridge kommen zréck op Lëtzebuerg.  Den Atelier huet di amerikanesch Alternative Rockband fir e weidere Concert gebucht. Dës Kéier kommen Alter Bridge awer net zréck an den Atelier, mä si spillen den 26. Juni 2017 eng Show live an der Luxexpo um Kierchbierg.

Et ass deen éischten Concert, deen den Atelier an dëser Location organiséiert.

Lauschtert hei de Reportage mam Michel Welter vum Atelier:


Ticketen kritt der um Internetsitte vum Atelier:

LINK: http://www.atelier.lu/



Mat engem neien Konzept wëllt d’Luxexpo an Zukunft eng méi jonk Generatioun vun Zuschauer uschwätzen. Och Concerten ginn deemno an Zukunft hei organiséiert, ugefangen mat engem Atelier Concert vum Alter Bridge am Juni.

Lauschtert hei de Reportage: