Leif Vollebekk16. November live an de Rotonden

Dee kanadesche Songwriter Leif Vollebekk kënnt de 16. November fir een éischte Concert an d'Rotonden!

Leschten Update: 15.11.2017, 00:00:03

Ee Kanadier op der Sich no der perfekter Opnahm – a vläicht e bëssen och no sech selwer. Verschidde Leit géingen dat perfektionistesch nennen, fir de Leif Vollebekk selwer ass et normal deels laang a beschwéierlech Reesen fir ee perfekt Resultat ze maachen. Fir säin 2. Album "North Carolina" war hien 3 Joer op der Rees. Manhatten, Woodstock, Paräis: Wéi ee Mosaik setzt hien seng Musek Stéck fir Stéck aus eenzelne Stécker zesummen.

„When I was writing for this new record I stopped thinking about genre and what I done before. I just write whatever comes to me and not think about it too much. The songs are just things i was feeling at the time.“

Ugefaangen huet de Leif Vollebekk viru laanger Zäit  un der Violine, mat méi oder manner groussem Erfolleg.

„The thing about the violine is, there is no threads. When you put your fingers down and move it a little bit up or even if you push harder the note changes completely. So when I was playing for me I never ever got to a place where most of the notes were in tune. That just made me sick to my stomache. […] It’s an instrument you can’t fake. You can fake the guitar so easily, but not the violine.“

Am Februar 2017 huet de Lief Vollebekk säin aktuellen Album "Twin Solitude" eraus bruecht. Domat kënnt hien de 16. November live an d'Rotonden.

Weider Infos an Tix kritt der hei: LINK: http://www.atelier.lu/

Lauschtert hei de Reportage: