
D'Dua Lipa ass knapps iwwer 20, seng Stëmm awer kléngt ganz erwuessen. Iwwerraschend ass dat net: Di britesch Sängerin mat albaneschen Orginnen huet scho mat 15 Joer u senger musikalescher Karriäre geschafft.
Eng Karriäre, déi sech séier entwéckelt huet; seng 2. Single „Be The One“ gouf een internationalen Radio-Hit an huet d'Sängerin a ville Länner an d'Top Ten der Charts katapultéiert. Mat dësem Hit gouf hatt och op di renomméiert Lëscht „BBC Sound of 2016“ gewielt, déi all Joer déi villverspriechendst Newcomer definéiert – a meeschtens Recht behält.
Dem Dua Lipa säin Debütalbum gëtt fir Ufank Juni erwaart. Den 21. Oktober kënnt di jonk Sängerin mat hirer spannender Mëschung aus modernem Pop a Soul fir ee Concert live an d'Escher Rockhal.
D'Ticketen ginn e Freideg den 19. Mee um 11h an d'Vente um Internetsitte vun der Rockhal: LINK: http://www.rockhal.lu/
Lauschtert hei de Reportage: