Papa Roach2.10.2017 live an der Rockhal

Di amerikanesch Rockband Papa Roach kënnt den 2. Oktober live op Lëtzebuerg, fir e Concert an der Escher Rockhal.

Leschten Update: 24.05.2017, 11:12:52

Bis haut hunn Papa Roach weltwäit méi wéi 17 Milliounen Alben verkaf an e sëlleche Präisser entgéint geholl. Hiren gréissten Hit haten si an den 90er Joeren mam Titel "Last Resort".

No hirem Concert am Juni 2013 am Atelier komme si lo zréck op Lëtzebuerg fir eng weider Show - an zwar den 2. Oktober live an d'Rockhal Box.

D'Ticketen ginn dëse Freideg 19. Mee an d'Vente.

Weider Infos: LINK: www.rockhal.lu