James Arthur @ AtelierDe Sänger iwwerzeegt mat rockegen an duussen Nummeren

Am Atelier huet den James Arthur ee gudde Mix gebueden aus méi rockegen Nummeren an duusse Lidder.

Leschten Update: 06.06.2017, 06:39:05

2014 ass den briteschen Sänger, James Arthur, an der Rockhal opgetrueden. Mat sengem neien Album "Back to the Edge" ass hien dëse Freideg erëm zréck an den Atelier komm.

Ugefaangen huet de Concert mat der Virband Matt Gresham, ee Sänger aus West Australien. Scho mam éischte Lidd konnt hien dem Publikum säin Talent beweisen, an och wann keen hien sou richteg kannt huet, war et kloer dass hien sech nei Fans zu Lëtzebuerg gemaach huet.

Dunn um Punkt 21h10 ass de James Arthur op d'Bühn komm. Ugefaangen huet en mat sengem Lidd "Back to The Edge". De Concert war eng flott Mëschung vu bësse méi rockegen Nummeren wéi "You're Nobody 'Til Somebody Loves You", enger Cover Versioun vum Clean Bandit hirem "Rockabye" an awer och méi duuss Lidder wei "Safe Inside" an natierlech zum Schluss säi mega Hit "Say You Won't Let Go". Seng éischt Single "Impossible" huet hien mam ganze Publikum gesongen.

Zum Concert sot hien "I love those kinds of concerts where everyone is fanning themselves. It feels like we are playing under the sun". (Hien huet Concerte gär wou et richteg waarm ass, well et sech ufillt, wéi wann hien ënnert der Sonn spillt)

De Concert war also "hot" all allen Sënner vum Wuert