Green Day @ RockhalVollgas vun der éischter Sekonn un!

Green Day waren um Méinden Owend an der Rockhal. Et war e Concert vun der Extraklass!

Leschten Update: 14.06.2017, 10:04:37

© Eldoradio

Mat "Know Your Enemy" hu Green Day de Méinden Owend, um Punkt hallwer 9 hiren éischte Concert zu Lëtzebuerg lancéiert. Vun der éischter Sekonn un, haten si de Public am Grëff.


Hier Bühn hunn se scho beim éischte Song mat engem jonke Fan gedeelt: Mam roude Léiw-Fändel op de Schëlleren, ass hie bei de Billie Joe Armstrong erop geruff ginn an huet e puer Téin vu "Know Your Enemy" gesongen. Dobäi sollt et net bleiwen. Eng jonk Fra mat impressionnanter Irokese huet sech als Textsécher gewisen an huet fir e kuerze Moment dem Armstrong seng Entertainer-Plaz ageholl. Den Derrick war den drëtte Fan op der Bühn. Hien ass um Enn esou guer mat enger Green Day Gittar heemgaangen. 



Wéi schonn op hirer ganzer Tour huet "Wake Me Up When September Ends" op der Setlëscht gefeelt. Soss waren all hir grouss Hits dobäi. 

E Luef gelt awer och dem Lëtzebuerger Public, well net nëmme Green Day hunn iwwerzeegt, mä och d'Fans hunn sech op hir Show agelooss a matgemaach. 


Insgesamt war et e gelonge Concert vun 2h30, mat gudder Stëmmung vun de Leit an der Band, vill groussen Hits an tonne Pyroeffekter.

Fazit: de Concert kritt verdéngte 4,5 vu 5 Stäre!!!

Lauschtert hei Stëmmen aus der AFTERSHOW um Eldo

Kuckt hei d'Fotoe vu Green Day an der Rockhal
Kuckt hei d'Fotoe vun de Green Day Fans