Rise Against10.11.17 @ Rockhal

D'Punk Rock Museker vu Rise Against kommen den 10. November zréck op Lëtzebuerg. Den Atelier presentéiert de Concert an der Rockhal.

Leschten Update: 15.06.2017, 04:54:02

© Eldoradio

Zwee Joer no hirem leschten Optrëtt zu Lëtzebuerg, um Rock a Field Festival, komme Rise Against den 10. November zréck an eist Land. 

Reicht de leschte Freiden, 9. Juni ass hire neien an 8. Album "Wolves" erauskomm. Mat dem ginn d'Museker ëm de Sänger Tim McIlrath op Tour, a se maachen am Hierscht e Stopp am Grand-Duché. Eldoradio stellt Iech den Album och dës Woch am Kader vun eisem Album Check fir. All d'Infos zu "Wolves" fann dir hei: Album Check Rise Against - Wolves

Rise Against hunn iwwert di leschten 18 Joer ëmmer nees Top Hits wéi "Savior", "Prayer of the Refugee", "Satellite" oder "Hero of War" geliwwert. D'Museker vun Chicago gëllen als politesch motivéiert. Esou ass de neien Album "Wolves" während der Wahl vum Donald Trump als neien US President entstanen. Hir Texter riichten sech op ville Plaze vum géint den Trump a seng Wieler. 

D'Tickete ginn de Freiden, 16. Juni um 10 Auer an de Verkaf.