
2015 hat hien beim Sonic Visions säin éischten Optrëtt hei zu Lëtzebuerg – deemools huet nach kaum een dëse briteschen Newcomer kannt.
Zanterhier ass vill geschitt an der Carrière vum Rory Graham, alias Rag'n'Bone Man.
Hien gëllt als eng vun de gréisste musikaleschen Entdeckungen aus dem leschte Joer. Säin Debütalbum "Human" ass Ufank vum Joer a ville Länner op Platz 1 vun den Charts gelant.
Am Mäerz war de Rag'n'Bone Man mat deem Album live an der Rockhal. Elo kënnt hien zréck fir eng weider Show, de 7. November zréck an d'Rockhal.
De Virverkaf fänkt e Mëttwoch, den 21. Juni um 10h un.
LINK: http://www.rockhal.lu
LINK: ragnbone_new.pdf