ConcertscheckPassenger an der Abtei Neimënster, eng Stëmm di iwwerzeegt

Gëschter Owend huet de Passenger virun der eenzegaarteger Kuliss vun der Abtei Neimënster gespillt. Sold out. Verdéngt.

Leschten Update: 20.07.2017, 04:21:04

© eldoradio

Jiddwereen dee gëscht Owend d'Chance hat en Ticket fir de Passenger z'ergatteren, huet et um Enn net bereit.
Ze gesinn krut een e Mann, deen zimlech gutt de Geck mat sech selwer, a sénger gréisster Single "Let her Go" konnt maachen.
Nee et ass net "Let it go" aus Frozen huet hie gläich e puer mol zum Beschte ginn.

No e puer Lidder mat senger Band, huet seng Band d'Bühn verlooss, an de Mike Rosenberg alias Passenger huet ganz eleng gespillt. Eppes wat der Stëmmung net geschuet huet, am Géigendeel.

Genau an dësem Moment huet ee gemierkt dass de Passenger nach een vun der aler Schoul ass. Hie kann eppes wat hautdesdaags net méi jiddwereen an der Museksindustrie kann: hie ka sangen. Do dernieft huet hien absolut kee Problem e puer dausend Mënschen ganz eleng z'ënnerhalen.

Spéitstens no sengem Song "Hate" hat hien d'Abtei ganz fir sech. Nieft all de Songs, déi heiansdo, an dat ass och schonn déi eenzeg Kritik déi een dem Mann ka maachen, riskéieren ëmmer e bëssi gläich kléngen, huet hien ëmmer nees geschwat. Aus der Branche, sengem Liewen an deem wat hie beschäftegt.



E Concert dee bis zum Schluss ënnerhalsam war, och wann een net all Song vun him kannt huet, huet de Passenger et ëmmer fäerdeg bruecht d'Songs esou eriwwer ze bréngen dass jiddwereen gepaakt war, bis zum Schluss. (Bis op déi Leit déi och während dem Concert dauernd weiderschwätzen, eppes wat de Passenger witzegerweis a senger ironescher Aart a Weis och beim Song HATE kritiséiert huet)

Um Enn kritt de Concert vun ons 3 vu 5 Stären.

Passenger OpenAir zu Lëtzebuerg, gären nees!