John Legend @ RockhalEn huet op ganzer Linn iwwerzeegt!

Vun der éischter Minutt un huet den John Legend op der Bühn vun der Rockhal geglänzt, dat op senger „Darkness & Light Tour“.

Leschten Update: 25.09.2017, 18:16:58

© Eldoradio

Ganzer 2 Stonne laang huet den John Legend iwwerzeegt, dat mat enger Stëmm déi bal net ze toppe war. Virun allem huet e sai neien Album „Darkness & Light“ presentéiert, ma en huet awer och mat Klassiker ewéi „Save Room“ de Public matgerappt.

Punkto Bühneshow gëtt et och näischt auszesetzen: Backgroundsängerinnen an e puer Instrumentalisten, dat ass alles wat de Legend während senger Show gebraucht huet vir eng iwwerzeegend Performance ofzeliwweren. Op engem groussen Ecran goufen dann och kleng Videoclips projezéiert, esou wéi vu senger Duechter dem Luna oder senger Fra dem Chrissy Teigen.

De Legend krut och de Public konstant dozou, mat ze maachen: esou huet en zum Beispill bei enger vu senge Singlen eng Fra aus dem Public op d‘Bühn geruff vir mat him ze danzen. Allerspéitstens bei senger Zugab huet en dunn och déi lescht Spectateuren dozou kritt, mat ze sangen. Virun allem bei senger Hitsingle „All of me“ war d‘Begeeschterung immens grouss.

Alles an allem muss ee soen: Et ass e grousse Kënschtler mat enger immenser Stëmm, an obwuel e vläicht deem engen oder aneren e puer Schnulzen ze vill gesongen huet, waren d‘Leit absolut begeeschtert. An zum Schluss soot hie selwer nach:"This won't be out last time coming to Luxembourg."

Vun eis kritt den John Legend 5/5 Stären!

Reaktioune vun de Leit fannt dir iwwregens hei:

John Legend Reaktiounen