David Guetta31.01.2018 live @ Rockhal

De franséische Star-Dj kënnt um Ufank vum nächste Joer zréck op Lëtzebuerg, an d'Rockhal.

Leschten Update: 13.10.2017, 08:00:53

De franséische Star-Dj David Guetta sollt an de Joren 2008, 2009 an 2011 der Rockhal spillen, 2010 sollt e fir en Optrëtt an d'Luxexpo kommen. Ma zanter 2011 ass hei net méi am Grand-Duché gewiescht. Den 31. Januar 2018 wäert de Museker säi Comeback op Lëtzebuerger Buedem ginn. 

De groussen Duerchbroch sollt dem Guetta am Joer 2009 mam Album "One Love" a Lidder wéi "When Love Takes Over", "Memories" a "Sexy Bitch" geléngen. Bis haut huet hie 6. Alben an iwwer 40. Singlen erausbruecht. De 7. November kritt de Museker 50 Joer. 
 
Freides, den 13. Oktober fänkt um 10h00 den offizielle Virverkaf un!