Tim Bendzko am groussen Theater"Ee vu menge beschte Concerten di ech bis elo erlieft hunn"

Den Tim Bendzko ass um Dënschden Owend hei zu Lëtzebuerg opgetrueden. Dat an engem ganz spezielle Kader: dem groussen Theater.

Leschten Update: 30.11.2017, 11:50:46

Am Kader vu senger "Wohnzimmer-Konzert" Tour huet den Tim Bendzko och Statioun hei zu Lëtzebuerg gemaach.

Prinzip: e méiglechst intime Kader fir de Leit Gefill ze ginn, wierklech mam Bendzko an enger Stuff ze setzen a seng Musek ze lauschteren.
Genau dat ass dem Tim Bendzko dann och um Dënschden Owend zu Lëtzebuerg gelongen.



Fir Lëtzebuerger Verhältnisser war eng extrem gutt Stëmmung. De Public gouf an de Concert mat agebonnen. Sou stoung een op eemol selwer op der Bühn a gouf vum Tim ëm seng Meenung gefrot. No praktesch all Lidd hat den Tim eppes ze soen. Eben wéi an der Stuff doheem. De Public gouf motivéiert an huet matgemaach. Matgesongen, mat-geklappt.

Dem Bendzko seng Regele fir eng gutt Stuff:
  • Du muss deng Stuff deelen. Eng Fra aus dem Public gouf op d'Bühn invitéiert a krut vum Tim eng Coupe Schampes offréiert
  • Du muss e Song coveren. Dat huet de Bendzko gemaach an huet de Public virun d'Wiel gestallt: Grönemeyer oder Naidoo. De Public huet sech fir "Ich kenne nichts, das so schön ist wie du" décidéiert.
Bei "Verdammt ich lieb dich" vum Matthias Reim stoung dann dunn definitiv jiddwereen ze danzen do.

Um 22h goung de Bendzko vun der Bühn, fir fir eng lescht Zugabe-Ronn nach eemol zeréck ze kommen.


Um Enn kann een soen: e mega sympatheschen Typ, eng extrem gutt Interaktioun mam Public an eng cool Kuliss.

Lauschtert hei Reaktioune vum Public >>>


4 vu 5 Stären fir e Concert an engem exzeptionelle Kader.
Gäre méi dacks!

Kuckt hei all d'Fotoe vum Concert >>>

Lauschtert hei den Interview mam Tim Bendzko am Virfeld vum Concert >>>