Limp Bizkit21. Juni 2018 Live @ Rockhal

Limp Bizkit kommen zréck - fir e Concert haut den Owend live an der Rockhal

Leschten Update: 21.06.2018, 12:51:15

Limp Bizkit zielen zu de Matbegrënner vum Nu Metal, sinn eng vun den innovatiivste Bands vun hirem Genre - a mat iwwer 40 Millioune verkaafte Placken och eng vun den erfollegräichste Bands. An dat och schonn zanter 20 Joer mat Hits wéi "Nookie", "Rollin'" oder "Take A Look Around".

Mam 7. Album "Stampede Of The Disco Elephants"  a mat fréieren Hits si Limp Bizkit op grouss Tour an maachen den 21. Juni Statioun an der Rockhal.

Am September 2003 waren d'US Museker schonn zu Lëtzebuerg. Si hunn deemools um Gaalgebierg gespillt gehat.

De Concert ass sold out - Tickete fann dir eventuell nach bei eis an der Ticketbourse!

Weider Infos fann dir hei!

Lauschtert hei de Reportage: