The Avener25.05.2018 live @ den Atelier

Den DJ The Avener kënnt zréck op Lëtzebuerg- fir eng Clubshow live an den Atelier.

Leschten Update: 09.05.2018, 13:52:24

De franséischen Deep House DJ a Produzent Tristan Casara mécht Musek ënnert sengem Kënschtlernumm The Avener.
Säin Duerchbroch hat hien 2014 mam Titel "Fade Out Lines", deen et bis un d'Spëtzt vun den iTunes Charts gepackt huet.

No sengem Concert Enn 2015 kënnt den DJ The Avener elo zréck op Lëtzebuerg fir eng Clubshow den 25. Mee live am Atelier.

Ticketen ginn den 23. Januar um 10h an d’Vente.

Weider Infos an Tix:
LINK: www.atelier.lu/