Den David Guetta am Eldo Interview!"Mäin éischte Mix war Billie Jean"

Den David Guetta war dëse Mëttwoch live an der Rockhal. Am Virfeld war hien am Eldoradio Interview.

Leschten Update: 04.02.2018, 17:30:56

© Lex Jeitz (Eldoradio)

Den David Guetta ass zanter 15 Joer am Geschäft an zanter 2009 ass hien e Weltstar. Mam Album "One Love" hat hien säin internationalen Duerchbroch. Hien huet a senger Carrière och mat ville Kënschtler zesumme geschafft wéi Akon, Kelly Rowland, Ne-Yo, Will.i.am, Lady Gaga, Sia, Rihanna, oder Snoop Dogg.

Hien trëtt bei de gréisste Festivaller op a fëllt grouss Stadien weltwäit. An der Rockhal ass hien dëse Mëttwoch viru 6.500 Leit opgetrueden.

Virun dëser grousser Show huet de franséische Star-DJ Eldoradio am Backstage Beräich vun der Rockhal en Interview ginn an och op d’Froen vum Eldo Schnellcheck geäntwert.

Lauschtert hei den Eldoradio Schnellcheck: 



Lauschtert hei den Eldoradio Interview:


© Lex Jeitz (Eldoradio)