ConcertscheckGuetta an der Rockhal: et war "Guettastesch"!

Den franséische Star DJ war no 7 Joer um Mëttwoch Owend fir eng weider Kéier hei zu Lëtzebuerg an der Rockhal.

Leschten Update: 04.02.2018, 17:29:53

Et war dee gréisste Concert zënter laangem an der Rockhal! Den David Guetta huet um Mëttwoch Owend virun ausverkaaftem Haus gespillt.

Wat als Concert geduecht war, ass bannent Minutten zu enger grousser Party eskaléiert!



Egal op ganz vir, oder awer méi hannen, souguer beim Comptoir gouf mat gedanzt! Onwahrscheinlech Beats, all seng Grouss Hits an eng Genial Stëmmung resuméiere e genialen Owend zu Esch!

Wee bis elo gemengt huet, zu Lëtzebuerg kéint net gedanzt ginn, dee gouf enges Besseren beléiert!
Besonnesch gutt ukomm ass d'Lasershow vum franséische Star!



Do deet et och näischt, dass de Guetta eng hallef Stonn ze spéit koum; säi Fliger hat Retard. Trotzdeem kruten d'Medien ganz brav hier Interviewen an de Guetta huet op der Bühn eng perfekt Show ofgeliwwert.

"C'était une magnifique soirée, à bientôt", sot hien zum Schluss.

Mir hunn et notéiert.

Fir de Concert ginn et 5/5 Stären!