ConcertscheckMando Diao am Atelier: gutt Ambiance, awer ze wéineg al Hits

D'Stëmmung war exzellent. Mando Dia hätten awer roueg nach méi al Klassiker kéinte spillen!

Leschten Update: 19.02.2018, 07:35:28

De Concert war immens. D'Stëmmung war vun Ufank un gutt, huet sech awer mat der Zäit nach verbessert a gesteigert. De Publikum gouf dauernd matgerappt an encouragéiert. D'Band huet bal no all Lidd mat de Leit geschwat wat och zu enger gudder Show bäigedroen huet. E puermol huet de Sänger, de Björn, gesot, dass de Publikum "fantastesch" wier.

D'Highlighte waren hiert neit Lidd "Good Times"aus dem neien Album mam selwechten Numm wou d'Leit voll Stëmmung gemaach hunn mee och natierlech "Gloria" an d'Zugabe "Dance With Somebody" , déi bekanntste Mando Diao Lidder. Et war insgesamt e gudde Mix tëscht alen a neie Lidder. Et war fir jiddereen eppes dobäi. Obwuel ech dann awer dann der Meenung war, dass méi Lidder aus hiren erfollegräichen Alben "Give Me Fire"  oder "Aelita" hätte kënne gespillt ginn.

D'Leit déi gefrot gi waren, waren alleguer immens begeeschtert a komplett vun der Live Performance vun der Band iwwerzeegt. Mando Diao waren de Freiden elo fir déi 7. Kéier op Lëtzebuerg komm. Wat anescht war, war de Line-Up vun der Band. Den anere Sänger, de Gustaf Noren, hat d'Band 2015 verlooss an et war déi éischte Show hei zu Lëtzebuerg ouni hien. Vill Zuschauer hu fonnt, dass hie gefeelt huet, mee si waren trotzdeem ganz zefridde mat dësem Concert.

Um Enn kritt de Concert vun ons 4,5 vu 5 Stären.

Lauschtert hei de Feedback vun den Zuschauer: