ConcertscheckImagine Dragons flashen de Public an der Rockhal

An enger ausverkaafter Rockhal sinn d'Imagine Dragons um Samschden Owend net ze stoppe gewiescht. Iwwer 2 Stonne hu si alles ginn.

Leschten Update: 19.02.2018, 15:40:30

Schonn um 16h goung et fir di treiste Fans, an och déi Glécklech, déi VIP Bännecher ergatteren oder kafe konnte lass. Si konnten éischter eran, Fotoen maachen an souguer deels Bandmembere gesinn an treffen.
Och bei der Virband "K.Flay" déi pünktlech um 20h ugefaangen huet huet e gemierkt, d'Rockhal ass méi voll wéi soss, et sinn méi Leit schonn an der Hal selwer wéi soss.

Scho laang éier d'Dieren opgounge ware laang Waardeschlaangen bei der Entrée© eldoradio


Bei d'Imagine Dragons komme richteg Fans. Et ass net deen typeschen: "Ech komme just e Béier drénken"-Concert.

Pünktlech um 21h15 goung et lass. De Public war direkt do, d'Stëmmung och. Och wann et ganz douce lass goung. Genau dat hat de Concert awer ëmmer nees. A genau dat huet de Fans an der Rockhal gefall. Den Daniel Reynolds huet sou während sengem Concert ganz vill privat Saache verroden. Sou huet hien zb laang iwwer seng Depressioune geschwat an zouginn, dass hien ëmmer nach a Behandlung wier. Dat wier keng Schwächt. Et sollt jiddwereen dozou stoen, wann et him mol net gutt geet an et net verdrängen. Hie selwer hätt sou zb de Wee zur Musek fonnt.

Nieft dëse perséinleche Momenter gouf et eng Show, di duerch ganz vill Konfetti, Loftschlaange, riese Loftbäll an engem exklusive Set matten an de Leit geglänzt huet.

D'Stëmmung war bis zum Schluss um Kachen, den Daniel huet et fäerdeg bruecht, d'Rockhal a säi Bann ze zéien. Dat eemol als sympatheschen Typ, als nodenkleche Mann oder Power Rocker op der Bühn! Hien huet alles ginn. Bis zum Schluss. Dat koum a kënnt un. Zu Lëtzebuerg... a weltwäit!
E Concert mat ganz ganz vill Leidenschaft. E Fonken, deen direkt op de Public iwwerspréngt!

Excellent 5 vu 5 Stäre ginn et!
Respekt!... a gären nees!

Lauschtert hei wéi d'Visiteuren de Concert fonnt hunn >>>