Alice Merton am Eldo Interview"Een Date an engem Stripclub geet guer net!"

D'Alice Merton war dëse Samschdeg live an der Rockhal. Am Virfeld war hatt am Eldoradio Interview.

Leschten Update: 12.03.2018, 16:13:08

© Martine Schaack (Eldoradio)

D’Alice Merton war dëse Samschdeg live an der Rockhal ze gesinn. Virum Concert hat d’Sängerin Eldorado en Interview versprach. Deen huet hatt awer bal missen ofsoen, well hatt sech net gutt gefillt huet. Schliisslech huet hatt awer nach op e puer Froen geäntwert.

Lauschtert hei den Interview mam Alice Merton:


Am Eldoradio Schnellcheck verréit hatt ënner anerem, dass hatt Fan ass vum Natalie Portman, ee grousse Faibel huet fir Chips, a fir Männer déi sech d'Hänn wäschen a gutt richen.

Lauschtert hei de Schnellcheck mam Alice Merton:


© Martine Schaack (Eldoradio)