Musek NewsDen Tomorrowland kritt eng "Winter-Edition"

Den Towmorrowland ass dee renomméiertsten Elektro-Festival vun der Welt. Fir 2019 plangen d'Organisateuren eppes ganz Besonnesches.

Leschten Update: 12.03.2018, 13:48:18

An zwar kritt den Tomorrowland 2019 och eng Wanter-Editioun. An der franséischer Schistatioun Alpe d’Huez wäert de Festival vum 13.-15. Mäerz 2019 ënnert dem Motto „The Hymn of the Frozen Lotus“ organiséiert ginn.

Ticketen kritt een nach keng ze kafen, mee d’Organisateuren hunn 2 Packagen ugekënnegt, den „Mysterious 7-day Package“  vum 9.-16. Mäerz an de „Fascinating 4-day Package vum 12.-16. Mäerz.

Weider verspriechen d’Organisateuren een "fantasy wonderland for over 30.000 music lovers from around the world” alongside " grad wéi een “sensational line-up and state-of-the-art decor".

Kuckt hei de Video: