"The Killers" zu EschConcertscheck: Iwwerzeegend an impressionnant!

Déi amerikanesch Rockband hat sech lescht Joer zeréckgemellt mat hirem 5. Album „Wonderful Wonderful“ a reese momentan domat ronderëm d’Welt

Leschten Update: 29.07.2018, 08:50:53

© eldoradio

Zënter Méint goufen si zu Lëtzebuerg erwaart an et war definitiv derwäert: The Killers sinn op der Bühn vun der Rockhal opgetrueden nodeems se den 1. Mäerz de Concert wéinst gesondheetleche Problemer vum Sänger Brandon Flowers verleeë missten.
2013 hu si och scho misste wéinst Krankheet e Concert verréckelen. Mee dës Kéier war dem Brandon Flowers seng Stëmm a Form.

D’Show an der Rockhal huet ganz staark ugefaangen. Direkt gouf et mol vill Konfetti an déi rezent Single „The Man“. De Brandon huet d’Leit op lëtzebuergesch begréisst mat engem „Moien alleguer“. De Frontmann war iwwerhaapt super drop an huet de ganze Publikum matgerappt: ganz dacks huet hien d’Fans matsange gelooss. Och hien huet den Haaptproblem vum Owend ugeschwat: déi extrem Hëtzt. Hien huet alleguer d'Fans drop opmierksam gemaach dach wegl genuch ze drénken och grad wärend dem Concert. Him war et och waarm mee et huet hien net gestéiert - d’Band staamt nämlech aus der Wüst vu Las Vegas an do ass een un méi héich Temperature gewinnt.

Et war net schwéier ze verstoe firwat de Concert relativ séier ausverkaaft war: der Band hir Energie huet ugestach an d’Ambiance war elektresch. D’Hëtzt huet kee méi dru gehënnert sech z’amuséieren.

© Eldoradio

D’Bühneshow war impressionnant. Kameraleit déi d’Band an de Publikum gefilmt hunn an e risegen Ecran mat flotten Animatiounen a Videoclippen. Och Laser si benotzt ginn, genee wéi déi üblech Konfetti-Kanounen déi ëmmer gutt ukommen. Et mierkt een dass The Killers wësse wéi een e Publikum visuell a musikalesch ënnerhale kann.

Wéi et sech gehéiert waren di gréissten Hits op déi annerhallef Stonn verstreet: sou konnten d’Fans sech op „Mr. Brightside“, „Somebody Told Me“, „Shot At The Night” an natierlech “Human” freeën. De Brandon Flowers hat och e puer Mikrostänn op déi ganz Bühn verdeelt fir dass hien och hin an hier sprange kéint. Zum Schluss gouf et als Kréinung nach eng Schampesdusch vum Drummer.

Alles an allem eng immens Bühnepresenz a Show déi vläicht e puer Lidder méi laang hätt kënne sinn, trotz enormer Hëtzt.


4/5 Stären

 

Lauchtert Iech hei d' Reaktiounen un