Namika 27.01.2019 @ Den Atelier (Sold Out)

Mat sengem Nummer-1-Hit „Je ne parle pas français“ kënnt däitsch Sängerin Live an den Atelier.

Leschten Update: 12.11.2018, 08:26:39

© David Daub

Schonn op sengem Debütalbum „Nador“ vun 2015 huet d'Namika gewisen, dass hatt een enormt Talent huet. Di éischt Single „Lieblingsmensch“ war wochelaang un der Spëtzt vun den Charts, den Album gouf mat Gold ausgezeechent.

Och dem Namika seng nei Single „Je ne parle pas français“ aus dem aktuellen Album „Que Walou“ gouf en Nummer-1-Hit. D'Release-Tour war bannent kuerzer Zäit komplett ausverkaaft. Grond genuch, fir d'Namika am Januar 2019 op grouss Tour ze schécken! An deem Kader kënnt hatt den 27. Januar 2019 an den Atelier. De Concert ass Sold-Out. Wéi den Atelier matgedeelt huet, spillt d'Musekerin den Dag drop en Zousaz-Concert an der Hollerecher Strooss.

Weider Infos hei >>


Lauschtert hei de ganze Reportage