Jeremy Loops01.02.2019 @ Atelier

De südafrikanesche Singer a Songwriter Jeremy Loops ass den 1. Februar 2019 live zu Lëtzebuerg, am Atelier!

Leschten Update: 12.11.2018, 08:37:20

© FRANCOIS GUILLOT / AFP

Mat sengem 2. Album "Critical as Water" huet de südafrikanesche Museker Jeremy Loops an dësem Joer den internationalen Duerchbroch gepackt. D'Singlen "Waves" a "Freak" sinn zu Charthits ginn. 

Den 1. Februar 2019 trëtt hie mat deene Songs am Atelier op. 

Erfarung op der Bühn huet de Museker och scho genuch gesammelt. 2015 konnt hien sech eng éischte Kéier e Numm maachen, wéi en am Virfëld vun Twenty One Pilots opgetrueden ass. Am Joer virdrun huet hien säin Debutalbum "Trading Change" an der Heemecht op d'1 vun den Charts bruecht.

Mam aktuellen a neien Album kennt den Jeremy Loops awer net fir d'éischt an Europa. Schonn 2016 huet eng kleng Tour an Däitschland, Éisträich an an der Schwäiz gespillt. Op Lëtzebuerg kennt de Museker elo fir eng éischte Kéier.


D'Tickete fir säi Concert zu Lëtzebuerg sinn de 7. September an de Verkaf gaangen.

Weider Infos gëtt et op atelier.lu >>>