Lauryn Hill 14.12.2018 @ Rockhal

D'Lauryn Hill kënnt Mëttwochs de 14. Dezember live an d'Rockhal

Leschten Update: 12.11.2018, 08:38:43

Mat der Band The Fugees gouf d'Lauryn Hill bekannt, virun 2 Joerzéngten huet hatt de Public mat sengem Album "The Miseducation of Ms. Lauryn Hill" als Solokënschtlerin iwwerzeegt. Heirobber ze fanne sinn Hitsingelen wéi Doo Wop (That Thing)” an “Everything Is Everything”. Fir deen Album gouf d'Lauryn Hill mat 5 Grammyen ausgezeechent.


Am Kader vu senger Welttournée fir den 20. Anniversaire vu sengem Solodebut "The Miseducation of Lauryn Hill" huet d'Sängerin elo weider Tourdaten an Europa annoncéiert. Den Optakt vun der Europatournée mécht deemno e Concert den 18. November zu Bréissel, dono geet et weider mat Concerten a Frankräich, England, Holland, etc, ier hatt dann den 14. Dezember live op Lëtzebuerg kënnt.


De Virverkaf huet de 7. September ugefaangen.


Weider Infos an Tix fannt der op Rockhal.lu


Affiche lauryn hill