Jess Glynne19.03.2019 @ Atelier

Di britesch Sängerin kënnt mat all senge groussen Hits live op Lëtzebuerg, an den Atelier. De Concert gouf vun der Rockhal an den Atelier verréckelt.

Leschten Update: 07.01.2019, 13:41:46

Di britesch Sängerin Jess Glynne hat bis elo 7 Nummer-1-Hits an de UK Charts. Fir de Song "Rather Be" zesumme mat Clean Bandit, gouf d'Musekerin mat engem Grammy Award ausgezeechent.


Mat sengem 2. Album “Always In Between” geet d'Sängerin elo op Europatour, a kënnt an deem Kader och live op Lëtzebuerg, Dënschdes, de 19. Mäerz 2019 an den Atelier, a net wéi ugangs ugeholl an d'Rockhal.

De Virverkaf huet den 21.09.2018 um Site vum Atelier ugefaangen. All d'Tickete déi fir d'Rockhal kaf goufen, bleiwe valabel. 


Weider Infos gëtt et op atelier.lu