Anne-Marie09.05.2019 @ Luxexpo The Box

Den Atelier bréngt déi britesch Musekerin Anne-Marie haut den Owend fir e Concert op Lëtzebuerg, an d'Luxexpo The Box.

Leschten Update: 09.05.2019, 00:00:07

© Atelier

Op de Konto vun der britescher Musekerin Anne-Marie geet aktuell zwar just een Album, ma säi Repertoire u bekannte Lidder ass richteg grouss. An de leschten 3 Joer sinn d'Hit-Singlen "Rockabye" mat Clean Bandit an dem Sean Paul, "Alarm" an "Ciao Adios" zesumme komm.

An dësem Joer huet d'Musekerin un der Säit vum Marshmello am Song "Friends" geglänzt. An erfollegräich war et och mat sengem "2002", e Lidd dat den Ed Sheeran geschriwwen huet. Wien e Concert vum Anne-Marie besicht, kennt gutt a gäre 90 % vun de Lidder. A genee déi presentéiert d'Britin dëst Joer hei zu Lëtzebuerg. 

Den Atelier presentéiert d'Anne-Marie, haut den Owend an der Luxexpo The Box. 

De Concert ass nach net sold out & Tickete kritt dir nach online oder an der Oweskeess!

D'Diere ginn um 19h00 an der Luxexpo The Box op - als Support Act spillt "Lennon Stella"!

Lauschtert hei de Reportage



Links