Bastille08.03.2019 @ Rockhal

Bastille a Lëtzebuerg, dat schéngt ze funktionéieren. Déi britesch Museker kommen haut den Owend fir eng 4. Kéier op Lëtzebuerg!

Leschten Update: 08.03.2019, 08:01:06

© Eldoradio

No hirem iwwerzeegenden Optrëtt am Januar 2017 an der Rockhal, kommen d'Museker ëm den Dan Smith haut den Owend zréck an de Grand-Duché. 

Den Atelier presentéiert Bastille haut an der Rockhal. 

Grouss duerchgestart sinn d'Briten am Joer 2013 mat hirem Album "Bad Blood" an de Singlen "Of the Night" a "Pompeii". Zanterhier liwwere Si reegelméisseg Hits, wéi och aktuell mam Song "Happier" zesumme mam Marshmello. 

Am Joer 2010 ass d'Band Bastille gegrënnt ginn. Am November 2013 hu si fir d'éischte Kéier zu Lëtzebuerg gespillt, éier Si am Juli 2015 um Rock a Field Festival opgetruede sinn. 

Bei hirem leschten Optrëtt zu Lëtzebuerg, sollt de Sänger Dan Smith sech et net huele loosse fir en Tour duerch de Public ze maachen. 

Tickete fir hire Concert haut den Owend kritt dir nach hei!

Um 19h00 ginn d'Dieren op
Géint 19h30 spillt d'Virband Akine
Géint 20h15 spillt de Lewis Capaldi
Géint 21h15 BASTILLE

Lauschtert hei de Reportage iwwer Bastille


Support Act ass de schotteschen Newcomer Lewis Capaldi. Och dee sollt ee sech net entgoe loossen!

Lauschtert hei de Reportage iwwert de Lewis Capaldi











Links