Concerts CheckKodaline: Authentesch Show am Atelier!

Déi iresch Alternative-Rock-Band huet bei hirem Optrëtt de 5. Oktober 2018 am Atelier iwwerzeegt...

Leschten Update: 12.11.2018, 08:34:24

© Eldoradio

Um 20h Auer ass et lassgaange mam Virprogramm: Dem iresche Singer-Songwriter Ryan McMullan.
De Sänger stoung eleng op der Bühn an huet sech selwer mat Gittar a Piano begleet.
Intim, sympathesch an eng mega Stëmm. E Sound, dee souguer un den Ed Sheeran erënnert huet.
Als Virband huet hien all Erwaardung bei wäitem iwwertraff. Mat klenge Mëttel ganz vill erreecht!

Um 21h koum Kodaline: Eng sympathesch Trupp, déi den Androck vermëttelt hunn, zimlech perfektionistesch ze sinn. 
Och wann et wärend den éischten zwee Lidder Soundproblemer gouf, huet d'Stëmmung net gelidden.
Um Programm stounge vill al, awer och nei Songs. Eng Live-Band, wéi een se gären huet: Irish Folk, Pop, Acapella an och mol elektronesch Elementer. Et war vun allem mat dobäi.

Am Laf vum Concert huet een awer gemierkt, dass dem Sänger seng Stëmm ugeschloe war. Vläicht louch et dorunner, dat hir Lidder relativ usprochsvoll sinn. Déi puer kromm Téin hunn allerdéngs net weider gestéiert.

Lauschtert hei d'Stëmmen

D'Show war net spektakulär, awer  huet de Concert och net méi gebraucht!

No 1 ½  Stonn war de Concert eriwwer an et gouf nach e puer Autogrammer.
Gutt Museker, gutt Lidder an en zimlech haarde Public. Eng authentesch Show!

4/5 Stären!
Wéinst dem wierklech gudde WarmUp vum Ryan McMullan an deem klenge Minus, dass dem Steve Garrigan seng Stëmm géinter Schluss u seng Grenze gestouss ass.

Kuckt hei d'Fotoe vum Concert