St. Paul And The Broken Bones"Mir ware schonn eng Kéier op der Duerchrees zu Lëtzebuerg"

Virun hirem Concert am Atelier war de Paul, Sänger vun St. Paul and the Broken Bones, am Eldoradio Interview.

Leschten Update: 28.10.2018, 18:57:00

© Florian Holtgen

Fir eng éischte Kéier wäert déi amerikanesch Soulband "St. Paul & The Broken Bones" dëse Sonndeg op Lëtzebuerg kommen, fir e Concert live am Atelier!

Bekannt ass déi amerikanesch Band "St. Paul & The Broken Bones" hei am Land virun allem duerch hiren Hit "Apollo". De Sänger Paul verréit eis, wourëms et am Lidd geet:



Um aktuellen Album "Young Sick Camellia" ass dem Paul säi Grousspapp tëscht den eenzelne Lidder ze héieren. Fir de Paul war et wichteg, seng Sëmm um Album ze hunn.


De Moment appelléiere vill amerikanesch Museker un hir Fans, bei den Tëschewahlen an den USA wielen ze goen. De Paul mengt awer net, dass een als Museker d'Fans politesch beaflosse kann.


Dëse Sonndeg hunn St Paul and The Broken Bones hiren alleréischte Concert zu Lëtzebuerg. Et erwaart eis eng Show mat Héichten an Déiften.


Et ass fir d'Museker zwar hiren éischte Concert am Land, awer schonn déi 2. Visitt zu Lëtzebuerg. Si waren eemol op der Duerchrees een Dag hei am Land.


Lauschtert hei de Schnellcheck


Kuckt hei d'Photoen vum Interview




Links