Rammstein20.07.2019 @ Réiser (Sold Out)

Am Kader vun hirer Stadion-Tour 2019 kommen Rammstein d'nächst Joer zréck op Lëtzebuerg - fir een Open Air Concert zu Réiser. De Concert ass sold out!

Leschten Update: 12.11.2018, 10:08:52

© Olaf Heine

Di däitsch Metalband bréngt am Fréijoer 2019 hiren 7. Studioalbum eraus a geet domat op déi éischt Stadiontour an der Geschicht vun der Band. Nieft Optrëtter zum Beispill am Olympiastadion zu München virun 70.000 Spectateuren sinn si och live zu Réiser ze gesinn, um Sitte vum Rock-A-Field, wou Plaz ass fir 14.000 Leit. Et ass di klengste Venue vun der ganzer Tour!

Rammstein si fir hir spektakulär Live-Optrëtter bekannt. Si sti fir gigantesch Rockinszenéierungen mat Pyro-Elementer. Wéi d’Organisateuren vum Atelier betounen, si Rammstein dës Kéier mat enger ganz neier Show ënnerwee. Et ass hiren éischte Concert zu Lëtzebuerg zanter 2011.

De Concert zu Réiser ass Samschdes den 20. Juli 2019. De Virverkaf fänkt den 8. November um 10h un, exklusiv iwwert den Internetsitte vum Atelier: atelier.lu

De Michel Welter huet d’Band fir den Atelier gebucht. Wat ass un dëser Band sou aussergewéinlech?

Firwat hutt dir decidéiert, de Concert grad um Herchesfeld ze maachen?

Fréier hutt dir op dëse Sitte ee grousse Festival iwwert e puer Deeg organiséiert. Mat engem  Rock-A-Field huet des Show awer absolut ze dinn?

Wéi d’Band annoncéiert huet, spillen si op hirer Tour 2019 – mat Ausnam vu Réiser, - just a grousse Stadien. Wat bedeit dat konkret fir den Optrëtt zu Lëtzebuerg?


Lauschtert hei de Reportage iwwert d'Band