Alle Farben13.04.2019 @ Den Atelier (Club Night)

Den däitschen DJ Alle Farben kënnt zréck op Lëtzebuerg- fir eng Club Night live an den Atelier.

Leschten Update: 13.11.2018, 09:59:05

© Joseph Strauch

Säit 12 Joer ass de Berliner Museker Alle Farben als Dj aktiv. An der Heemecht war hien laang de Geheimtipp, éier him 2014 mat "She Moves" den Duerchbroch gegléckt ass. Mat Lidder wéi "Please Tell Rosie", "Little Hollywood" an "Only Thing We Know" konnt hien sech dono och an den Charts placéieren. 

Dëse Summer konnt hien mam Song "Only Thing We Know" ee vun de Summer-Hits 2018 landen.

Mat all dësen Hits kënnt den Alle Farben den 13. Abrëll 2019 fir eng Club Night an den Atelier. Um 22h ginn d'Dieren op.

De Virverkaf fänkt dësen Donneschdeg 15. November um 10h un.

Weider Infos an Tix: LINK: www.atelier.lu

Lauschtert hei de Reportage iwwert de Museker