Concerten am Dezember zu LëtzebuergAlan Walker, The Prodigy, Lauryn Hill

D’Concerts-Saison 2018 ass sou lues eriwwer. E puer live Shows sinn awer nach viru Chrëschtdag.

Leschten Update: 03.12.2018, 09:53:49

© afp

Bannent nëmmen 3 Joer huet den Alan Walker d’Musekswelt am Stuerm eruewert. Säin Hit „Faded“ huet him weltwäit den Duerchbroch bruecht. Freideg, de 7. Dezember kënnt de beléifte Museker live an de Rockhal Club. De Concert ass sold out.

The Prodigy haten 2005 als éischt Band an der Rockhal gespillt- elo kommen si fr d‘4. Kéier zréck mat hire bekannten Hits an hirem neien Album „No Tourists“ - fir eng Show Samschdes den 8. Dezember an der Rockhal.

No 10 Joer Paus kënnt de franséischen Rapper MC Solaar zréck op Lëtzebuerg. Mat sengem neien Album “Géopoétique” trëtt hien den 12. Dezember an der Rockhal op.

D’Lauryn Hill feiert den 20-järege Gebuertsdag vu sengem Hit-Album The Miseducation of Lauryn Hill” mat enger grousser Welttournée Och an der Rockhal  trëtt di 5-fach Grammy-Gewënnerin live op – nämlech Freides de 14. Dezember an der Rockhal.