Mike Shinoda 23.03.2019 @ Luxexpo The Box

Am Kader vu senger "Post-Traumatic-Tour" kënnt de Mike Shinoda live an d'Luxexpo The Box, organiséiert vum Atelier.

Leschten Update: 30.11.2018, 13:28:25

© Frank Maddocks

Wéi mécht ee weider, wann dee beschte Frënd sech d'Liewe geholl huet? Eng Fro, op déi de Mike Shinoda vu Linkin Park nom trageschen Doud vu sengem Bandkollege Chester Bennington iergendwéi huet misse fir sech äntweren . D'Resultat ass säi Soloalbum "Post Traumatic".

D'Lidder kombinéieren Rap, Rock, Pop an elektronesche Sound, et sinn awer vrun allem d'Texter, déi et a sech hunn. Ganz oppen setzt de Shinoda sech mat senge Gefiller, mat Trauer, Resignatioun a Roserei auserneen.

De  Shinoda, dee scho bei Linkin Park den Haaptsongwriter war, huet sech ëm bal alles perséinlech gekëmmert: Opnam, Produktioun, Visuals. Wéinst dem perséinlechen Inhalt vum Album wär dat anescht och net denkbar gewiescht. 

Allerdéngs wëllt de Shinoda mat "Post Traumatic" keng Trauer verbreeden, mee villméi e Wee aus der Trauer eraus weisen. Den 23. Mäerz presentéiert de Mike Shinoda säi Soloalbum live an der Luxexpo The Box.

De Virverkaf huet de Freiden, den 30. November um 10h00 ugefangen.

Weider Infos an Tix: LINK: http://www.atelier.lu/