Concerts CheckMaître Gims: Top Show an der Rockhal!

De franséische Museker konnt bei sengem Optrëtt de 24. November iwwerzeegen...

25.11.2018, 09:55:42

© Eldoradio

Géint 20h koum d'Virband : Den H Magnum an den DJ Titai.

Zu engem Groussdeel gouf geschwat. 3 kuerz Lidder hunn déi zwee zum Beschte ginn.
Ouni vill Loscht haten si och Problemer, de Public matzerappen. D'ass ee Fan op de klenge Podest an der Mëtt vun der Rockhal geruff ginn ass, huet d'Saach net besser gemaach. Follow me on Instagram!! Äddi a Merci!
Fazit: Komplett enttäuschend! Ganz séier erëm vergiessen...

Et konnt also just besser ginn...An dat gouf et och!

Um 20h43 koum de Maître Gims. 13 Minutte Verspéidung! D'Stëmmung huet allerdéngs net gelidden.

1 Joer laang huet de Museker seng Tour preparéiert. An dat huet ee gemierkt!
De Sound war gutt, ëmsou besser huet een déi exzellent Live Band héieren.
Eng verstellbar 3D-Bühn mat Lightshow, LED-Screens a Projektiounen. Hei huet alles gestëmmt.

Um Programm stoung net just säin Album Ceinture Noire, ma och sämtlech Hits. Déi nei, awer och déi al.

An der Mëtt vum Concert gouf da wéi gewinnt d'Handbrems gezunn. Et goufe méi roueg Lidder op d'Oueren. Schéin a gutt, allerdéngs vläicht en Tick ze laang. D'Stëmmung am Sall huet mat der Zäit gelidden.

Ëmsou besser, dass dono seng Hits J'me tire an Est-ce que tu m'aimes koumen. Hei konnt virun allem de Public selwer sangen. Dat huet deenen enge gefall, aneren éischter net.

Leider war d'Interaktioun mam Public op e Minimum limitéiert. Méi huet dëse Concert awer och net gebraucht! E sympatheschen Typ!

Lauschtert hei d'Stëmmen

No 1h50min war de Concert eriwwer. Genee richteg! Knapp 2 Stonne wärend deene bal alles gestëmmt huet. Eng Top Show!
Och ganz vill jonk Kanner haten de Wee an d'Rockhal fonnt.

4/5 Stären!

 E Minus gëtt et wéinst der Virband an dem relativ laang gehalene Break.

Kuckt hei d'Fotoe vum Concert