Tom Walker Concert am Atelier gouf verréckelt!

De Concert vum Tom Walker am Atelier gouf op de 15. Mee 2019 verréckelt.

Leschten Update: 27.11.2018, 14:36:56

Den Tom Walker hätt sollen dëse Samschdeg, 1. Dezember zréck op Lëtzebuerg kommen.

Wéi den Atelier matdeelt, gouf de Concert awer elo op de 15. Mee 2019 verréckelt.

All Tickete bleiwe fir deen neien Datum gülteg. Et kann ee sech awer och rembourséiere loossen.

Den 1. Mäerz bréngt den Tom Walker iwwregens säin Debutalbum „What A Time To Be Alive“ eraus.

Weider Infos fannt der hei: LINK: https://www.atelier.lu