Jamiroquai02.06.2019 @ Rockhal

Den Atelier presentéiert Jamiroquai haut den Owend an der Rockhal.

Leschten Update: 02.06.2019, 07:35:51

© STR / AFP

Jamiroquai kommen zréck op Lëtzebuerg! No hirem Optrëtt am Abrëll 2011 an der Rockhal, kënnt d'Band ëm de Sänger Jay Kay den 2. Juni 2019 fir e weidere Concert zréck an d'Rockhal, presentéiert vum Atelier.

Zënter 1992 sinn déi britesch Museker, déi als Pionéier vum Future Funk zielen aktiv! Zanterhier hu si 8 Alben erausbruecht an iwwer 26 Milliounen Albe verkaf. 1998 gouf et e Grammy Award. Mat hirem Album "Travelling Without Moving" sti Si esou guer am Guinness Buch vun de Rekorder fir de Best-Selling Funk Album vun allen Zäiten. Eleng op dem Album si "Virtual Insanity" an "Cosmic Girl" drop. 

De Concert ass sold out! Tickete fannt dir eventuell nach an eiser Ticketbourse.

D'Diere ginn um 19h00 an der Rockhal op. Virband ass "Afrika Bambaataa".






Links