Marteria & Casper @ Atelier1 1/2h Adrenalin pur um Méindeg Owend

Ausnahmezoustand am Atelier. Vun der éischter Sekonn un.

Leschten Update: 30.11.2018, 14:11:53

© Eldoradio

Als Virband stoung BLVTH direkt um 8 op der Bühn. E jonke Kënschtler deen zënter enger Rei Joren am Museksgeschäft ënnerwee ass. Mat der Rechtschreiwung huet de gudde Mann et net sou. Säi Kënschtlernumm gëtt "Blut" ausgeschwat, wat awer wuel kaum een direkt mierkt. Eng gutt Stëmm, e gudde Start, awer jiddwereen huet eben op den "Haaptact" gewaart.

Wee geduecht huet d'Stëmmung wier net immens, ebe grad well et am Ufank eng gewësse Zréckhalung bei BLVTH gouf, dee gouf no 2 Sekonnen Marteria & Casper eppes Bessere beléiert.

Vun Ufank un hunn di 2 Vollgas ginn. Et huet hinne gefall. Dat huet ee gemierkt.

Di 2 hunn alles, wierklech ALLES ginn!

Den Atelier huet geschweesst. All eenzelen Spectateur, mä ganz besonnesch och di 2 Kënschtler.

Si hunn mat dem Lëtzebuerger Public interagéiert, Witzer gemaach. Dat alles ouni langweileg ze ginn.

Adrenalin pur. Vun der éischter Sekonn un.

Lauschtert wéi de Public de Concert fonnt huet:


Di puer méi al Lidder hunn um Schluss dofir gesuergt dass jiddwereen op seng Käschte koum.

Et huet ee gemierkt, di 2 hu Spaass. Den Atelier huet Spaass. Eng perfekt Location fir 1 1/2 Ausnamezoustand!

Um Enn ginn d'Eldo Girls Sarah an Catherine dem Concert 5/5 Stären!

Verdéngt!

Dass dem Sarah seng Posch um Enn futti ass, weist wéi ons Eldo-Meedecher, wéi de Public am Atelier abgaang ass! Nice!