Limp Bizkit08.07.2019 @ Rockhal

Di amerikanesch Crosssover-Band mécht 2019 nees Statioun am Grand-Duché.

Leschten Update: 20.12.2018, 11:02:58


Enn vun der Nonzeger Joren haten Limp Bizkit hir gréissten Hits wéi "Take a Look Around", "Rollin" an "My Way".

Och wann si an den Charts haut keng Roll méi spillen, iwwerzeegt d'Live-Performance vun der Band ëmmer nach. Dovun kënnen d'Fans sech den 8. Juli 2019 op en neits iwwerzeegen: Dann trieden Fred Durst a Bandkollegen nees an der Escher Rockhal op.

De Virverkaf fänkt huet e Méindeg, de 17. Dezember ugefaangen. Fans sollen sech net ze laang Zäit loossen. Di lescht Lëtzebuerg-Show vun der Band war séier ausverkaaft.