Concerten am Januar zu LëtzebuergFanta 4, Namika, Tom Odell, 2 Many DJs

D’Concertssaison 2019 start dëse Mount ënner anerem mat enger dätscher Kultband, a kommerziellem Pop

Leschten Update: 21.01.2019, 14:11:01

Namika© David Daub

Die Fantastischen 4 kucken zréck op eng 3 Joerzéngte laang Carrière, 9 Studioalben an Hits wéi “Sie ist weg“ oder „MFG“. Mat all dësen Hits a mat engem neien Album komme si am Kader vun hirer „Captain Fantastic Tour“ live op Lëtzebuerg, Freides den 18. Januar an d’Rockhal. De Concert ass sold out.

Den Tom Odell kënnt mat sengem fonkelneien 3. Studioalbum „Jubilee Road“ zréck op Lëtzebuerg. Méindes den 21. Januar kënnt der hien live am Atelier erliewen.

Da kënnt der awer och nach e puer méi alternativ Bands am Januar erliewen: di amerikanesch Punkband Flogging Molly steet den 17. Januar am Atelier op der Bühn, Cake kommen den 25. Januar live an d’Hollerecher Strooss, an eng Clubnight erwaart iech op der selwechter Plaz den 19. Januar mam belschen Duo 2 Many DJs.