Alice Merton25.03.2019 @ Rockhal

Déi däitsch Popmusekerin, déi an insgesamt 4 Länner opgewuess ass, kënnt am Mäerz zréck op Lëtzebuerg!

Leschten Update: 22.01.2019, 13:36:22

© Eldoradio

Mat senger éischter Hit Single "No Roots", déi am Mee 2017 op der 1 vum Eldo Chartbreaker stoung, ass d'Alice Merton bekannt ginn. Am Januar 2019 bréngt d'Sängerin, dann och den Debutalbum "Mint", aus deem d'Single kënnt, op de Maart, a geet direkt domat op Tour!

No sengem Optrëtt 2018 an der Rockhal kënnt d'Alice Merton d'nächst Joer zréck op Lëtzebuerg- fir e Concert Méindes den 25. März 2019 am Rockhal Club. 

De Virverkaf huet de Mëttwoch 19. Dezember ugefaangen.