Walking On Cars02.05.2019 @ den Atelier

"Walking on Cars" kommen haut den Owend mat hirem melodiéisen Alternative-Rock zréck an den Atelier.

Leschten Update: 02.05.2019, 11:36:13

© Eldoradio

Di iresch Alternative-Rock-Band "Walking on Cars" huet et 2016 mat hirem Debütalbum "Everything This Way" un d'Spëtzt vun den ireschen Albumcharts gepackt. Mat der Single "Speeding Cars" hu si a ganz Europa den Duerchbroch erreecht. Den 12. Abrëll hu si hiren 2. Album "Colours" erausbruecht.

Mat bekannten Hits a mam neien Album ginn di 5 Museker dëst Joer op grouss Europatour a kommen och zréck op Lëtzebuerg - fir e Concert dësen Donneschdeg, 2. Mee am Atelier. 2016 haten "Walking on Cars" de Publikum schonn eng Kéier an engem ausverkaaften Atelier begeeschtert.

Tickete ginn et nach online oder an der Oweskeess!

D'Diere ginn um 19h00 op - als Virband spillt "Hollow Coves"!

Lauschtert hei de Reportage









Links