
© Eldoradio
- Bock ze entertainen
- Bock un der Musek
- Bock op Tour
Genau déi 3 Zutaten huet et gebraucht fir d'Rockhal um Freiden Owend vun der 1ter Sekonn u mat ze rappen.

Ee Lidd nom aneren hunn d'Fanta 4 "ofgefeiert" a sou dofir gesuergt dass et an deene gudden 2h15 (!!) ni langweileg ginn ass.
Si verstinn et hire Public ze ënnerhalen, mat him ze interagéieren.
Hirt Bühnebild an di grouss LED Leinwänn hunn dofir gesuergt dass een och an der leschter Rei alles matkrut.
De Spectateur krut eng professionell Show mat onwahrscheinlech vill Energie gebueden.
Et mierkt ee mat all Nout hir 30 Joer Erfarung.
Egal op de Smudo an de Public geet, den Thomas D e Solo bréngt oder op bei "Zusammen" Konfetti geschoss gëtt. De Public gëtt op engem Fanta Concert "entertained".

Nieft de Songs vun hirem neien Album gouf et alleguer d'Klassiker. Ganz egal op "Tag am Meer", "Einfach Sein", "Ernten was wir säen" oder als Zugabe "Troy"! Et war alles dobäi!
De Public war iwwerzeegt! Och vum richteg gudde Sound!
Lauschtert wéi de Public de Concert fonnt huet:
4,5 vu 5 Stären!
Kuckt hei d'Fotoe vun de Fanta 4 ONSTAGE an der Rockhal!