Concerten am Februar zu LëtzebuergJeremy Loops, Paul Kalkbrenner, Max Giesinger

Club-Soiréeën mat Brodinski an Paul Kalkbrenner, Popmusek vun Max Giesinger an Eros Ramazzotti, an den Newcomer Jeremy Loops.

Leschten Update: 01.02.2019, 03:34:01

© Olaf Heine


De südafrikanesche Sänger Jeremy Loops kënnt mat Indiefolk-Hits wéi “Freak” live op Lëtzebuerg- fir e Concert e Freideg den 1. Februar an den Atelier. Support Act ass dee Lëtzebuerger Indieprojet Bartleby Delicate.

De franséischen DJ a Producer Brodinski ass ee vun de bekanntste Personnagen aus der Paräisser Elektro-Szene. E Samschdeg den 9. Februar kënnt hien fir eng Club Night an den Atelier.

Mam Paul Kalkbrenner kënnt ee weidere bekannte Produzent an DJ zréck op Lëtzebuerg. Mat 7 Studioalben am Gepäck zielt hien zu de gréisste Superstaren aus der Elektroszene. Freides de 15. Februar trëtt hien an der Luxexpo The Box op. De Concert ass sold out.

Dee selwechten Dag kënnt der och di legendär Punk-Pop-Band Good Charlotte zu Lëtzebuerg gesinn. Mat melodiéise Punk-Rock-Klassiker wéi „Lifestyles of the Rich and Famous” awer och emotionale Balladen kommen si zréck an de Grand-Duché  - fir eng Show de 15. Februar an der Rockhal.

De Max Giesinger geet mat sengem neien Album „Die Reise“  am Fréijoer op di gréissten Headliner Tour vu senger Carrière. Och een Tëschestopp zu Lëtzebuerg ass ageplangt- Mëttwochs den 20. Februar an der Rockhal.

Da kënnt dëse Mount och den Eros Ramazzotti zréck an d’Rockhal.  Am Kader vu senger aktueller Welttournée kënnt hien Freides den 22. Februar live op Esch. De Concert ass scho sold out.

Ticketen kënnt der wéi ëmmer nach gewannen op Eldoradio an op eldo.lu.