Welshly Arms10.06.2019 @ Rockhal Club

2 Joer no hirem leschten Optrëtt komme Welshly Arms mat neier Musek zréck an d'Rockhal

Leschten Update: 27.02.2019, 16:32:40

© rockhal

No Hits wéi "Legendary" an "Hold On I’m Coming" hu Welshly Arms sech dëst Joer zréck gemellt mat neier Musek. "No Place Is Home" heescht den neien Album, di aktuell Single "Sanctuary"  leeft jo och scho vill Op Eldoradio. Welshly Arms kombinéieren hei hir Léift fir Blues mat Rhythm&Soul a guddem ale Rock 'n' Roll.


Am Kader vun hirer "Learn To let Go"-Tour komme Welshly Arms dëst Joer zréck op Lëtzebuerg! Si spille Méindes den 10. Juni live am Rockhal Club. Am Juni 2017 ware si schonn op Visitt zu Esch.

De Virverkaf fänkt dëse Freideg 22. Februar um 12h un.

Weider Infos an Tix: https://www.rockhal.lu