Concerten am Mäerz zu LëtzebuergBastille, Jess Glynne, Mike Shinoda

Indiepop vu Bastille, Elektronesche Sound vum Bakermat, Hiphop vum Nicki Minaj, a Rock vum Mike Shinoda- dat sinn d'Concerten am Mäerz zu Lëtzebuerg!

Leschten Update: 01.03.2019, 05:27:02

Ugefaangen mat Bastille,déi e Freideg den 8. Mäerz scho fir d‘4. Kéier live op Lëtzebuerg kommen, Mam neien Album a mat alen hits spillt d’Band vum Sänger Dan Smith live an der Rockhal.

Mat „One Day“ hat de Bakermat viru 5 Joer säin éischten Hit.  Zanterhier huet huet hien sech an der Elektrozene eng grouss Fanbase opgebaut,  a scho grouss Festivaller wéi den Tomorrowland gespillt. Samschdes den 9. Mäerz kënnt hien mat mat sengem melodiéisen Deep House fir eng Club Night an den Atelier.

D’Jess Glynne hat bis elo 7 Nummer-1-Hits an de UK Charts. Fir de Song „Rather Be“ zesumme mat Clean Bandit gouf hatt mat engem Grammy ausgezeechent. Mat sengem aktuellen 2. Album ass d’Sängerin elo op Europatour kënnt an deem Kader och live op Lëtzebuerg, Dënschdes den 19. Mäerz an den Atelier.

Den Dag dono, kënnt d‘HipHop-Ikone Nicki Minaj am Kader vu senger Welttournée eng éischte Kéier an de Grand-Duché, fir e Concert live an d‘Rockhal. Op der Tour mat dobäi ass den amerikanesche Rapper Juice Wrld. Lëtzebuerger Support Act ass den Maz.

No 3 Joer Paus ass di Lëtzebuerger Indieband Seed To Tree zréck mat neier Musek. Freides den 22. Mäerz presentéieren di 4 Museker hiren 2. Album „Proportions“  live am Rockhal Club

De Mike Shinoda ass vrun allem bekannt als Sänger vun der legendärer Rockband Linkin Park. Zejoert huet hien säin éischte Soloalbum eraus bruecht. Mat eegenem Material an mat Linkin Park Klassiker kënnt hien Samschdes den 23. Mäerz live an d’Luxexpo The Box.