Kool Savas05.12.2019 @ Den Atelier

De legendären Hip-Hop-Act Kool Savas kënnt de 5. Dezember live an den Atelier

Leschten Update: 14.06.2019, 13:51:31

20 Joer am Game, 5 Nummer-1-Alben hannerteneen, Gold- a Platinauszeechnungen an Däitschland, Éisträich an an der Schwäiz, grad wéi ausverkaafte Concertstournéeën. Sech op deem Succès auszerouen a mol Paus ze maache, kënnt fir ee Kool Savas awer net a Fro. 

No der erfollegräicher „Royal Bunker“-Tour 2018 mam SIDO geet de King of Rap elo nees mat neiem Soloalbum op d'Rees fir zesumme mat senge Fans den Hip-Hop ze zelebréieren.  An deem Kader kënnt hien den 5. Dezember live an den Atelier.

De Virverkaf huet de 6. Mäerz ugefaangen.

Weider Infos an Tix: LINK: www.atelier.lu