Sido26.11.2019 @ Rockhal

No sengem Optrëtt 2013 kënnt de Sido dëst Joer zréck op Lëtzebuerg

Leschten Update: 05.03.2019, 10:00:29

2004 krut de Sido mat der Single "Mein Block" eng éischte Kéier Opmierksamkeet an gëllt zanterhier als haaptresponsabel fir di kommerziell Etabléierung vum däitschsproochege Gangsta-Rap. 

Mam Mark Forster zesummen bréngt hien 2014 "Au Revoir" eraus a leet domat de Grondsteen fir di nei Pop Fanbase. 

Dee gréisste kommerziellen Erfolleg ass him 2015 gelongen mat "Astronaut", enger Kollabo mam Andreas Bourani. 

No sengem Optrëtt 2013 am Melusina kënnt de Sido am Kader vu senger aktueller Tour dëst Joer zréck op Lëtzebuerg- fir e Concert de 26. November an d'Rockhal.

D'Ticketen a weider Infos iwwert de Concert fannt der um Site vum Atelier: LINK: www.atelier.lu