Lewis Capaldi am Eldo-InterviewZanter Ufank vun der Tour sinn ech Vegetarier

De Lewis Capaldi war mat sengem Nummer-1-Hit "Someone You Loved" de Support Act vun Bastille an der Rockhal.

Leschten Update: 11.03.2019, 13:01:03

Bastille waren dëse Freideg live an der Rockhal opgetrueden. Net manner intressant war awer de Support Act Lewis Capaldi, ee schotteschen Newcomer deen zejoert mat éischte Lidder iwwer Nuecht e Star gouf. Seng nei Single „Someone You Loved“ ass de Moment schonn 2 Wochen hannerteneen un der Spëtzt vun de UK Charts ze fannen.

Dass de Lewis Capaldi och live eigentlech net méi braucht wéi eng Gittar a seng aussergewéinlech staark Stëmm, huet hien schonn zejoert a ganz Europa gewisen, wéi hien vum Rag’n’Bone Man als Support Act invitéiert gouf.  Do stoung hien all Owend virun dausende Leit, déi hien bis dohin net kannt hunn, awer trotzdeem direkt faszinéiert waren vu senger Solo-Performance. 

Dëse Freideg war de Lewis Capaldi live an der Rockhal ze gesinn- iwwregens schonn seng 2. Visitt zu Lëtzebuerg, nodeems hien och schonn als Support Act vum Rag'n'Bone Man hei gespillt hat. Kuerz viru sengem Optrëtt huet eis am Schnellcheck ënner anerem verroden, wat hien géing als Premier Minister maachen a wou hien ni wéilt säin éischten Date verbréngen.

Lauschtert hei de Schellcheck mam Lewis Capaldi


Lauschtert hei den Interview mam Lewis Capaldi