ConcertscheckBastille: Mega Stëmmung an der Rockhal

Déi britesch Band konnt de 08. Mäerz zu 100% iwwerzeegen!

Leschten Update: 09.03.2019, 10:24:32

© Eldoradio

Um 19:30 goung et lass mat coolem Pop vun Akine. Duerno um 20:15 de Lewis Capaldi dee säit 2 Wochen an de UK op der 1 ass an op dee Publikum och gespaant gewaart huet. Hien konnt mat senge puer rouegen Hit Nummeren, Bruises a Someone you loved d'Publikum begeeschteren. Virun allem mat senger mega Stemm, déi live och absolut assuréiert, senger witzeger a sympathescher Aart a Weis ass hie wierklech gutt ukomm.

Um 21:15 koum du Bastille. 2 grouss Leinwänn hunn dofir gesuergt datt och jiddereen alles gesäit. Bei den éischten zwee Lidder houng en Duch virun der Bühn wou se mat der Beliichtung bei Quartet Past Midnight cool Schattebiller kreéiert hunn wat fir en aussergewéinlecht Bühnebild gesuergt huet.

Duerno hunn se lues a lues Stëmmung opgebaut mat all hire Pophymnen an hirem méi neie bësse méi elektronesche Sound:
Send them off!
I know you
Things We Lost in the Fire

Bei The Currents ass den Dan dann och bësse politesch ginn an huet ënner anerem den Trump an de Brexit kritiséiert. Bei World Gone Mad huet d’Akine dunn op der Bühn gehollef an direkt duerno de Lewis Capaldi bei Bad Blood!
© Eldoradio

Duerno ass d'Party richteg lassgaange mat Pompeii, Laura Palmer, Good Grief an dunn zum Schluss Of the Night wou Publikum alles ginn huet a puer mol op Knéie gaangen ass fir dunn am Refrain opzesprangen. Um 22:40 hunn Bastille d'Bühn dunn verlooss, koumen awer fir eng Zugab zréck an hunn Happier a Flaws nach zum beschte ginn. Bei Flaws ass den Dan dunn och emol ganz duerch Publikum gaangen an huet matten dra gesongen.

Är Meenung

Insgesamt stabil Leeschtung, gudde Sound, et ass eng gutt Live Band an d'Setlist war esou opgebaut datt d'Stëmmung sech ëmmer méi opgebaut huet a richteg gefeiert gouf.

4/5 Stären!

Ënnert anerem och wéinst dem Virband-Highlight Lewis Capaldi.
Den Dan huet sech och tëscht de Lidder am Lëtzebuergesche probéiert.